Khinalug (Khinalugesch: Kətş, Aserbaidjanesch: Xınalıq; och als Khanaluka, Khanalyk, Khinalykh, oder Khynalyk erëmginn) ass den Numm vun engem Duerf a vun enger Gemeng am Kaukasus. D'Gemeng läit an de Bierger vum Grousse Kaukasus, am Quba Rayon nërdlech vun der Stad Quba an Aserbaidjan, a besteet hautdesdaags aus den Dierfer Khinalug and Qalayxudat.

D'Duerf am Wanter

Khinalug ass eent vun den am héchsten an am wäitsten ewech geleeënen Dierfer an Aserbaidjan. Am Wanter ass et do −20 °C am Summer 18 °C. Eppes iwwer 2000 Leit liewen do, déi eng eege Sprooch schwätzen, Khinalugesch, an déi zu den Nordëstleche Kaukasussprooche gehéiert. Vill vun hinne schwätzen och Aserbaidjanensch.

Et ass zanter 5000 Joer an engem Stéck bewunnt. Well et sou wäit ewech vun allem ass, si vill Invasiounen einfach "laanscht gaangen". Paradoxerweis ass Khinalug, wéinst senger entleeëner Lag, mëttlerweil eng Destinatioun fir Reesender ginn.

U Kuckeswäertem wieren eng Moschee aus dem 12. an eng aus dem 15. Joerhonnert z'ernimmen, sou wéi al Kierfechter an de Bierger an al, "helleg", Hielen.

Biller vu Khinalug änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Xınalıq – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren