De Kepler-7 ass e Stär vum spéiden F- oder fréien G-Typ, dee vun engem Exoplanéit mat der Bezeechnung Kepler-7b begleet gëtt. De Stär schéngt no um Enn vu senger Liewensdauer op der Haaptrei ze stoen; bei enger Mass vun zirka 1,3 Sonnemassen huet sech säi Radius op 1,8 Sonneradien ausgedeent.

Kepler-7
Schematesche Gréissteverglach tëscht Kepler-7 (lénks) an der Sonn (riets)
Stärebild: Lyra (Lyr)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 19h 14m 19.6s
Deklinatioun + 41° 05' 23.3"
Spektralklass: F oder G
Astrometrie
Radialvitess: (+0,40 ± 0,10) km/s
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 1,36 ± 0.03 M☉
Radius: 2,02 ± 0,02
Metallizitéit [Fe/H]: 0,11 ± 0,03
Uewerflächentemperatur 5933 ± 44
Aner Bezeechnungen
2MASS 19141956+4105233
USNO-A2.0 1275-10984614

ExoplanéitÄnneren

Den Exoplanéit Kepler-7b gouf mat Hëllef vum Kepler-Weltraumteleskop vun der NASA entdeckt an huet eng Ëmlafdauer vu 4,886 Deeg. D'Entdeckung gouf vum Programmleeder, William Borucki de 4. Januar 2010 beim Jorestreffe vun der American Astronomical Society zu Washington matgedeelt. Eng Besonneschkeet vum Exoplanéit ass seng ongewéinlech kleng Dicht vun 0,17 Gramm jee Kubikzentimeter (zum Vergläich: D'Äerd huet mat 5,515 g/cm³ eng iwwer 30-mol méi héich Dicht; den Exoplanéit weist bei enger Mass vun ongeféier 0,4 Jupitermassen e Radius vun zirka 1,5 Jupiterradien op).

Kuckt ochÄnneren

  Portal Astronomie

Um SpaweckÄnneren