Katabatesche Wand
De katabatesche Wand (Griichesch: katabatikos – eroffléissend) ass e Fallwand wéi z. B. :
- de Bora op der Adriaküst,
- de Mistral am Rhone-Dall,
- de Reshabar am Süde vum Kaukasus,
- de Williwaw[1] bei den Aleuten,
- den Elvegust vun den norwegesche Fjorden an
- de Piteraq a Grönland.
De Gletscherwand ass och e katabatesche Wand.
E katabatesche Wand entsteet an der Reegel als Folleg vun enger stabiler Atmosphäreschichtung (potentiell Lofttemperatur hëlt mat der Héicht zou) ënner der Awierkung vun der Gravitatioun (vertikal ofwäerts geriicht Kraaft) an engem Drockausgläich mat waarmer Loft (horizontal auswäerts geriicht Kraaft).
Iwwer der Äisfläch vun engem Héichplateau, engem Bierg oder engem Gletscher killt d'Loft of, sou datt hir Dicht zuhëlt. Als Drockausgläichsstréimung mat der waarmer Ëmgéigend entsteet de kale katabatesche Fallwand. De Katabatesche Wand spillt eng wiesentlech Roll bei der Bildung vun antarkteschem Mieräis an domat der Genesis vun antarkteschem Buedemwaasser souwéi bei der Genesis vu küstennoen Polynjaen (Lächer am Mieräis). Dee Phenomeen ass virun de grousse Schelfäisfelder am Ross-Mier an am Weddell-Mier besonnesch opfälleg.
De Fallwand vun der Antarktis ass dee weltwäit stäerksten a ka Vitesse vu bis zu 320 km/h erreechen.[2]
De Fön ass kee katabatesche Wand, well de Fön e waarme Wand ass. Säin Undriff kënnt net direkt aus der Gravitatioun.
Um Spaweck
ännerenCommons: Katabatesche Wand – Biller, Videoen oder Audiodateien |