Kapell Mëtscheed
kathoulesch Kapell
D'Kapell zu Mëtscheed ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Esch-Sauer gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kapell vu Mëtscheed (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Mëtscheed | |||
Par | Öewersauer Saint-Pirmin | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Thomas | |||
Baujoer | 1753 | |||
Koordinaten | 49° 52’ 16.1’’ N 05° 58’ 14.7’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Thomas, deem säi Fest den 3. Juli gefeiert gëtt.
D'Kapell steet am Zentrum vun der Uertschaft op der Kräizung vun der Duerfstrooss an der Strooss Um Bechel.
Den 18. August 2024 gouf s'als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]
Geschicht
ännerenBis de 7. Mee 2017 war d'Kapell vu Merschee eng Kapell vun der Par Heischent. Zur Par Heischent huet ausser der Kapell vu Mëtscheed och nach d'Parkierch vun Heischent an d'Kapell am Heischtergronn gehéiert.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kapell Mëtscheed – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Öewersauer Saint-Pirmin
- D'Kapell op der Websäit vun der Par Öewersauer Saint-Pirmin
-
D'Kapell vun Norde gesinn
-
Agank vun der Kapell
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).