D'Kapell zu Kolwent ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Konsdref gehéiert.

Kapell vu Kolwent

Uertschaft / Plaz Kolwent
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Margréit
Baujoer 1770
Koordinaten 49° 46’ 04,3’’ N
      06° 18’ 0,6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Patréinesch ass d'helleg Margréit[1], där hiert Fest den 20. Juli gefeiert gëtt. Et gëtt awer eng aner Quell[2] déi als Patréiner den hellege Johannes den Deefer ugëtt.

D'Kapell steet zu Kolwent an der Kolwenterstrooss um Eck mam Kuebebuererwee.

Zur fréierer Par Konsdref hunn ausser der Kapell vu Kolwent och nach d'Parkierch vu Konsdref, d'Filialkierch vu Präiteler an d'Filialkierch vum Scheedgen gehéiert.

Geschicht änneren

De Schlosssteen iwwer der Aganksdier gëtt als Baudatum d'Joer 1770 un. D'Kapell huet fréier de Vogtleit gehéiert. An der Nisch an der Fassad iwwer dem Agank steet eng Statu vum Johannes den Deefer. Bis an d'1950er Jore stoung do eng stenge Madonnestatu.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kapell Kolwent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Websäit vum Bistum iwwer d'Par Konsdref
  2. Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach, S. 228, ISBN 978-2-495-15120-7
 
D'Kapell vu Kolwent aus südwestlecher Richtung gesinn