Kapell Drénkelt

kathoulesch Kapell

D'Kapell vun Drénkelt ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Ëlwen gehéiert.

Kapell vun Drénkelt
Kapell vun Drénkelt (2014)

Kapell vun Drénkelt (2014)
Kapell vun Drénkelt (2014)
Uertschaft / Plaz Drénkelt
Par Ëlwen–Wäiswampich
Saint-François
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Sebastian
Koordinaten 50° 07’ 58.3’’ N
      06° 01’ 02.8’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Sebastian, deem säi Fest den 20. Januar gefeiert gëtt.

D'Kapell steet zentral am Duerf op der Kräizung vum Duarrefweeg an der Strooss Am Pättchen.

Den 29. Mäerz 2019 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geschicht

änneren

Bis de 7. Mee 2017 huet d'Kapell zur Par Wilwerdang gehéiert, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur Par Wilwerdang huet ausser der Kapell vun Drénkelt och nach d'Parkierch vu Wilwerdang an d'Kapell vu Géidgen gehéiert.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kapell Drénkelt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).