Kanton Vaud
Vaud ass e Kanton am Weste vun der Schwäiz.
Kanton Vaud | |
---|---|
Land: | Schwäiz |
Haaptuert: | Lausanne |
Fläch: | 3.212 km² |
Awunner: | 721'643 (2011) |
Bäitrëtt an Eedgenosseschaft: | 1803 |
Sproochen: | Franséisch |
De Kanton heescht:
- op Däitsch: Waadt
- op Franséisch: Vaud
- op Italieenesch: Vaud
- op Rätoromanesch: Vad
Geographie
ännerenDe Kanton Vaud läit am Weste vun der Schwäiz. Am Weste gëtt bal seng ganz Grenz vum Genfer Séi gemaach an am Oste stéisst en un de Neuenburger Séi. Am Nordweste grenzt en un déi franséisch Departementer Ain, Jura an Doubs, am Südwesten un de Kanton Genf, am Südosten un de Valais, am Osten un d'Kantoner Freibourg a Bern an am Nordosten u Neuenburg. Iwwer de Genfer Séi ewech stéisst en un d'franséischt Departement Haute-Savoie.
Exklaven
ännerenAm Nordoste vum Kanton ass Avenches eng Exklav am Kanton Freiburg.
Enklaven
ännerenDe Kanton Vaud huet dräi Enklave vum Kanton Freiburg, an am Südwesten Céligny aus dem Kanton Genf
Bevëlkerung
ännerenD'Amtssprooch ass Franséisch an de gréissten Deel vun der Bevëlkerung ass protestantesch.
De gréissten Deel vun der Bevëlkerung lieft am Stadgebitt vu Lausanne, an der Agglomeratioun vu Montreux - Vevey an zu Yverdon-les-Bains.
Verwaltung
ännerenDe Kanton war vun 1803 bis 2008 an 19 Distrikter agedeelt:
Kuckt och
änneren
Um Spaweck
ännerenCommons: Canton of Vaud – Biller, Videoen oder Audiodateien |