Kanal Briegden-Neerharen

De Kanal Briegden-Neerharen ass e Schëffskanal an der belscher Provënz Limburg tëscht Briegden an Neerharen. Seng Konstruktioun huet vun 1930 bis 1934 gedauert. D'Zil vum Bau war fir den Albertkanal mat der Zuid-Willemsvaart ze verbannen, ouni mussen duerch Holland ze fueren.

De Kanal ass op fir Schëffer aus der Klass II.

Den ieweschte Schleisebaseng virun der Schleis vu Lanaken ka mat Schëffer bis zu 9.000 Tonne befuer ginn. Op deem Deel leien Quaie vun der Pabeierfabréck SAPPI déi e groussen Deel vum Réimateriel do ausluet.

Schleisen änneren

Aner Konstruktiounen iwwer de Kanal änneren

  • Lanaken:
    • Eisebunnsbréck vun der fréierer Streck Hasselt-Maastricht
    • Foussgänger- a Cyclistebréck
    • Stroossebréck (Nationale 77)
    • Stroossebréck (Nationale 766)
  • Neerharen:
    • Stroossebréck iwwer d'Schleis (Neerharen, Heirbaan)