Kampanien (it: Campania) ass eng italieenesch Regioun op der Westkust vun Italie mat knapps 5,9 Milliounen Awunner.

Kampanien
Verwaltung
Land Italien
Haaptstad Neapel
Provënzen Provënz Avellino
Provënz Benevento
Provënz Caserta
Provënz Salerno
Metropolstad Neapel
Gemengen 442
ISO IT-72
Demographie/Geographie
Awunner 5 827 949
Fläch 13 590 km²

Si läit nordwestlech vum Latium, nordëstlech vu Molise, ëstlech vun Apulien, südëstlech vun der Basilicata a vum Tyrrhenesche Mier. Neapel ass d'Haaptstad vun der Regioun. Kampanien besteet aus de Provënzen Avellino, Benevento, Caserta, Salerno an aus der Metropolstad Neapel. Si huet eng Fläch vun 13.595 km². D'Majoritéit vun den Awunner konzentréiert sech op d'Ballungsgebitt vun Neapel. Domat ass Kampanien déi Regioun mat de meeschten Awuner pro Quadratkilometer, an no der Lombardei déi mat de meeschten Awunner.

Déi wichtegst Wirtschaftsecteure sinn den Ubau (d'Géigend ronderëm de Vesuv ass besonnesch fruchtbar) an d'Produktioun vun Iesswueren, de Wäibau an den Tourismus, virun allem zu Neapel, op Ischia, op der Amalfiküst an zu Capri.

Natur a Kultur änneren

Mam Nationalpark Cilento a Vallo di Diano huet Kampanien en Naturpark mat e puer bedeitenden antike Plazen (Velia, Paestum an d'Chartreuse vu Padula) deen zënter 1998 zu den UNESCO-Weltierwe gehéiert. Aner UNESCO-Plazen a Kampanien sinn den historeschen Zentrum vun Neapel, d'Amalfiküst, d'archeologesch Sitte vu Pompeji, Herculaneum an Torre Annunziata, an de Palais vu Caserta nërdlech vun Neapel.

Um Spaweck änneren

Commons: Kampanien – Biller, Videoen oder Audiodateien