De Kammerwald ass e Bësch an Däitschland a Rheinland-Pfalz, nërdlech vu Ruet op der Our, an de Gemenge Ruet a Bauler deen tëscht 1949 an 1959 vu Lëtzebuerg annexéiert war.

D'Lag vum Kammerwald
Staat: Däitschland
Land: Rheinland-Pfalz
Gemengen: Ruet op der Our
Bauler
Körperich
Ënner Lëtzebuergescher Verwaltung vun: 23. Abrëll 1949
bis: 1. Oktober 1959
Gréisst : 526 ha[1]
Héicht : 365 m (Moyenne)
Koordinaten : 49° 56’ 24’’ N
      06° 13’ 58’’ O

Virgeschicht änneren

No der Néierlag vun Nazi-Däitschland am zweete Weltkrich goufen et Stëmmen, déi eng Erweiderung vu Lëtzebuerg an den däitschen Territoire era gefuerdert hunn, als Reparatioune wéinst dem Krich. Dës Stëmmunge si virun allem aus dem Riets-Nationalisteschen Eck vum politesche Spektrum komm. Sou huet d'Letzeburger Nationalunio'n méifach hier Fuederungen no enger Extensioun vum Lëtzebuerger Staatsgebitt bis un d'Saar däitlech gemeet.[2]

Dës Uspréch goufen ënner anerem domat begrënnt, well d'Herzogtum Lëtzebuerg dës Gebidder nom Wiener Kongress 1815 huet missen u Preisen oftrieden, an datt Lëtzebuerg dowéinst en historeschen Usproch op déi Gebidder hätt. An deem Kontext gouf och vun enger "Desannexioun" geschwat, gemengt ass déi vun Däitschland.

Déi deemoleg Lëtzebuerger Regierung huet manner ambitiéis Pläng an d'A gefaast, déi eng Grenzännerung vun nëmme 5 – 10 km no Oste virgesinn hunn. Dës Virschléi goufen an de Joren 1946 an 1947 den Alliéierten ënnerbreet, goufen awer net accordéiert. Déi waren nëmme bereet, fir kleng Grenzännerunge zougonschte vu Lëtzebuerg matzedroen.[3]

Annexioun änneren

Den 23. Abrëll 1949 um Mëtteg huet déi franséisch Verwaltung an Däitschland de Kammerwald mat der Uertschaft Ruet an dem Neuscheuerhof per Veruerdnung u Lëtzebuerg ofgetrueden.[4]

Den 11. Juni 1959 huet Lëtzebuerg per Vertrag op d'Gebittsuspréch am Kammerwald verzicht. Als Géigeleeschtung huet d'Bundesrepublik Däitschland 58,3 Millioune Mark u Lëtzebuerg ausbezuelt.

Den 1. Oktober 1959 gouf de Grenzverlaf erëm op dee vu virun 1949 zeréckgesat.[5]

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Vom Kammerwald und der Viandener Ourgrenze. Luxemburger Wort. Gekuckt de(n) 20 Juni 2021.
  2. Kammerwald. gr-atlas.uni.lu. Gekuckt de(n) 2021-06-20.
  3. Luxemburg am Ende der Besatzungszeit und der Neuanfang - regionalgeschichte.net. www.regionalgeschichte.net. Gekuckt de(n) 2021-06-20.
  4. Verteilte digitale Rechtsquellen. deposit.d-nb.de Gearchiveerd op 2021-06-24. Gekuckt de(n) 2021-06-20.
  5. Kammerwald. gr-atlas.uni.lu. Gekuckt de(n) 2021-06-20.