Kamal
E Kamal ass en astronomescht Navigatiounsinstrument, fir d'geographesch Breet vun enger Plaz festzeleeën.
De Kamal gouf vun de Chinesen, Inder an Araber haaptsächlech am 18. an 19. Joerhonnert gebraucht. Op der Küst vum Hadramaut am haitege Jemen hunn d'Séileit nach bis an déi éischt Hallschent vum 20. Joerhonnert e Kamal fir d'Navigatioun benotzt. Well de Lots vum Vasco da Gama aus Malindi, Ahmad Ibn Majid, e Kamal gebraucht huet, hunn och verschidde portugisesch Séifuerer de Kamal gebraucht. Si hu just den Ofstand vun de Kniet verännert, fir de Grad bestëmmen ze kënnen.
E Kamal ass e klengt Briet (ongeféier 1 × 2 Zoll) mat engem Lach an der Mëtt, duerch dat eng Schnouer gefouert gëtt. Un där Schnouer si Kniet, déi eng Positioun vun enger Stad oder enger Grenz laanscht e Parcours bezeechnen. De Steiermann hält d'Schnouerenn mat den Zänn a verréckelt an Aenhéicht d'Stellung vum Kamal, bis d'ënnescht Kant op dem Horizont läit an d'iwwescht Kant de Polarstär beréiert. Dann zitt hien d'Schnouer duerch dat zentraalt Lach vum Kamal. D'Noperschaft vun engem Knuet an der Ëffnung gëtt dann d'Breet vum Uert op der Küst zum Schëff un.