E Kaiserschmarrn oder Kaiserschmarren ass e séisse Plat aus der éisträichescher Kichen, deen een och an Ungarn, Slowenien, Süddäitschland an Nordkroatien fënnt. Et handelt sech ëm eng Aart lëftege Paangech a Stécker. De Kaiserschmarrn kann entweeder als Dessert oder als Haaptplat zerwéiert ginn.

E Kaiserschmarrn mat Äppelkompott

Säin Numm leet sech vum Keeser Franz Joseph I. of. Op Sloweenesch heescht de Kaiserschmarrn "cesarski praženec" oder "šmorn", op Ungaresch "császármorzsa" an op Tschechesch "trhanec" oder " kajzršmorn".

Zoubereedung

änneren

E Kaiserschmarrn ass e lëftege, karameliséierte Paangech dee vun enger séisser Deegmëschung aus Miel, Eeër, Zocker, Salz a Mëllech gemaach an a Botter gebak gëtt. Et gëtt verschidde Methode fir de Plat ze maachen. Generell gëtt d'Eewäiss vum Eegiel getrennt an et gëtt Eeërschnéi domat gemaach; duerno ginn d'Miel an d'Eegiel mam Zocker verréiert an déi aner Ingredienten derbäigemaach. Dem Originalrezept no sinn dat Korënten, déi a Rum ageluecht goufen. Jee no Preferenz vum Kach ginn déi awer mat aneren Elementer ersat, zum Beispill mat Nëss, Kiischten, Prommen oder Quetschen, kleng Äppelstécker, oder Stécker Mandelen.

De Paangech gëtt da wärend dem Baken a Stécker gedeelt a meeschtens mat Pudderzocker bestreet, an da waarm mat Kompott oder Gebeess (Äppel, Quetschen, Rout Molbieren, Äerdbier...) zerwéiert.

Kuckt och

änneren


Commons: Schmarrn – Biller, Videoen oder Audiodateien