Pudderzocker
reng gemuelen, wäisse raffinéierten Zocker
Pudderzocker oder Mielzocker ass wäisse raffinéierten Zocker, deen esou reng gemuel ass, datt en d'Konsistenz vu Stëbs oder Pudder huet.
E gëtt geleefeg beim Dekoréiere vu Kuchen an Taarte benotzt, entweder a senger ursprénglecher, dréchener Form, oder als Glasur mat e bësse Flëssegkeet vermëscht. Wéinst senger klenger Partikelgréisst kann ee Pudderzocker séier mat anere Materialie mëschen an e gëtt dofir och dacks bei der Zoubereedung vu Crème an Deeg gebraucht.
Um Spaweck
ännerenCommons: Pudderzocker – Biller, Videoen oder Audiodateien |