De Kairakkum-Stauséi ass vu senger Fläch hier dee gréisste Stauséi an Tadjikistan. E gëtt och "Tadjikescht Mier" genannt.

De Kairakkum-Stauséi um westlechen Enn vum Ferganadall

Bei der tadjikescher Stad Chudjand am Ferganadall gëtt de Floss Syrdarja opgestaut. De Stauséi ass eng 55 km laang a bis zu 20 km breet. Bei Vollstau ëmfaasst en eng Fläch vu ronn 520 km² an e Volume vu 4,16 Milliarde Kubikmeter Waasser. Mat enger duerchschnëttlecher Déift vun 8 m ass de Séi relativ flaach. Déi gréisst Déift läit bei 25 m.

Den Dall gëtt vun engem 32 m héijen an 1100 m laange Staudamm aus Äerdschuttmaterial ofgespaart. E gouf 1956 als en Deel vun de grousse sowjetesche Bewässerungsprojekter gebaut. De Syrdarja gëtt duerno nach e puer weider Kéiere fir Bewässerungszwecker an Energiegewënnung opgestaut.