De Ferganadall, och Ferghanadall oder Fargʻona‎dall (uz: Farg‘ona vodiysi/Фарғона водийси, tj: Водии Фарғона/Vodiji Farƣona, ky: Фергана өрөөнү, dng: Фыйрганна Пенды, ru: Ферганская долина), ass eng fruchtbar Sank, déi tëscht de Staaten Usbekistan, Tadjikistan a Kirgisistan opgedeelt gouf. Méi wéi 11 Millioune Mënschen an domat 20% vun der Bevëlkerung vun Zentralasie liewen am Dall, dee just 300 km laang a 70 km breet ass.

Kaart vum Dall

Wéinst deene villen Nationalitéiten an neien islamesche Beweegunge koum et an der Vergaangenheet ëmmer erëm zu Onrouen.

D'Ekonomie berout haaptsächlech op Bewässerungsagrikultur (Kotteng, Räis, Uebst, Wäin), awer zum Deel och um Biergbau an der Industrie.

Déi grouss Schnéifelder a Gletscher op de Bierger ronderëm den Dall sinn d'Quelle fir d'Majoritéit vun de Flëss. De gréisste Floss vum Dall, de Syrdarja, entsteet duerch den Zesummefloss vun Naryn a Karadarja, déi allebéid aus Kirgisistan kommen. De Syrdarja fléisst a westlecher Richtung an de Kairakkum-Stauséi op tadjikeschem Territoire. Déi genannt Bewässerung vum Dall geschitt mat engem Netz vu Kanäl, déi hiert Waasser vum Syrdarja a sengen Nieweflëss kréien.

Kuckt och änneren