Frankenstein

Roman vun der englescher Schrëftstellerin Mary Shelley

Frankenstein ass e Roman vun der englescher Schrëftstellerin Mary Shelley, an huet als Ënnertitel the Modern Prometheus.

Bannescht Titelblat vun der Editioun vun 1831.
De Boris Karloff als Monster

D'Buch koum fir d'éischt 1818 eraus, a gouf 1831 an enger iwweraarbechter a verbesserter Editioun nei editéiert. Et ass an der Traditioun vun der sougenannter Gothic novel geschriwwen, e Genre, deen an der zweeter Hallschent vum 18. an der éischter vum 19. Joerhonnert populär war. Geleeëntlech gëtt Frankenstein als deen éischte Science fiction-Roman ugesinn.

De Roman erzielt d'Geschicht vum Victor Frankenstein, deen eng Method erfonnt huet, doudeg Matière zum Liewen z'erwächen. Hie wëll seng Method och beim Mënsch applizéieren, a gebraucht dofir Material vu verschiddene Läichen, déi en zesummegesat huet. Wéi seng Schëpfung effektiv ugefaangen huet ze liewen, ass de Victor Frankenstein a Panik aus sengem Labo fortgelaf, an och seng Kreatioun huet sech dervu gemaach. Méi spéit gëtt hie gewuer, säi klenge Brudder William wier ermuert ginn. Hie begéint sengem Geschëpf erëm, dat em zougëtt, et wier Schold um Brudder sengem Doud, allerdéngs wier et en Ongléck an net gewollt gewiescht.

De Victor Frankenstein trëfft sech méi spéit op en Neits mat sengem Geschëpf, dat verbattert a rosen op d'Mënschen ass, well déi ëmmer virun him fortgelaf sinn, oder e vernannt a verjot hunn. Et freet dofir de Frankenstein, him eng Fra ze 'maachen'. Deen ass ufanks d'accord, mä hie brécht de Schëpfungsprozess of, well e fäert, och si kéint anere Leit eppes zu Leeds doen. D'Monster gëtt doropshin esou rosen, datt et dem Frankenstein säi Frënd dout mécht. Um Dag vum Frankenstein senger Hochzäit ermuert et och nach seng Braut, wouropshin och nach säi Papp vu Misère stierft.

De Frankenstein mécht sech op d'Sich no senger Kreatur, déi sech Richtung Nordpolaräis dovu gemaach huet. Um Enn vu senger Kraaft gëtt e vun engem Schëff gerett, ma hie stierft an der Nuecht. D'Kreatur kënnt kuerz dono och bei d'Schëff (dat am Äis stécht). Si ass doudonglécklech iwwer den Doud vun hirem Schëpfer, a bedauert dat, wat se deenen anere Leit ugedoen hat. Mam Verspriechen, sech ëmzebréngen, verschwënnt se vu Bord.

Bekannt gouf d'Geschicht vum Frankenstein besonnesch duerch eng Verfilmung vun 1931, mam Boris Karloff an der Roll vun der Kreatur. Zënterhir gëtt den Numm "Frankenstein" dacks fälschlech fir d'"Monster" gebraucht. Eng ganz Rëtsch vun neie Verfilmungen a Parodië koumen no, dem Mel Brooks säi Young Frankenstein (1974) ass souwuel eng Parodie wéi en Hommage.

Um Spaweck änneren

Commons: Frankenstein – Biller, Videoen oder Audiodateien