D'Julier oder Iulier (Iulii) waren eng renomméiert Patrizierfamill am réimesche Räich, a si koumen aus Alba Longa.

Gens Julia änneren

D'gens Julia, oder d'Julier aus Alba Longa hunn hiren Numm vum mythologesche Iulus ofgeleet, e Jong vum trojaneschen Held Aeneas, de Grënner an éischte Kinnek vun Alba Longa. Iwwer den Aeneas, de Jong vun der Venus hu sech d'Julier dann och eng gëttlech Ofstamung ginn. Dëse Punkt gëtt besonnesch vum Julius Cäsar betount.

D'gens Julia waren zwar net räich, mä hunn awer zu de renomméierte Famillje vu Roum gezielt, obschonn nëmme wéineg Memberen an d'Politik gaange sinn: wärend der réimescher Republik, am 5. Joerhonnert v. Chr. fënnt een dacks den Numm Iulius an de Lëschte vun de Konsulen, mä dës Lëschte sinn ëmstridden. 451 war ee gewëssene Gaius Iulius Iullus Member vun den Decemviri, déi de Staat verännert hunn. Fir follgend Joerhonnerte sinn nëmmen zwee Konsule nogewisen, fir d'Joren 267 an 157. Verschidde Familljemembere ware Konsul oder Censor.

Zu de bekanntste Vertrieder vun der gens Julia zielt ouni Zweiwel de Julius Cäsar. Mat sengem Doud verschwënnt déi direkt Linn vun de Julier, mä d'Famill bleift bestoen.

Julio-Claudianer änneren

Mam Augustus an der julesch-claudianescher Dynastie lieft den Numm Julius weider. Mä och eng grouss Partie vu fräigeloossene Gefaangene vum Cäsar an hir Nokommen hu Gentilnomen Iulius däerfen unhuelen. Sou fanne sech dann och bis an d'4. Joerhonnert eng gutt Parti Riedner a Schrëftsteller mat deem Numm.

Den Augustus gouf duerch Adoptioun dem Caesar säi Jong a koum domat och an d'julianesch Famill. Hie war de Grënner vun der julio-claudescher Dynastie déi bis 68 regéiert huet.

Den Duebelnumm kënnt engersäits vu Iulius duerch den Augustus an vu Claudius, der Livia Drusilla hirem éischte Mann (Tiberius Claudius Nero) säi Familljennumm.

Genealogie vun de Julio-Claudianer änneren

 

Bekannt Vertrieder vun de Julier änneren

Verschiddenes änneren

Hautdesdaags gëtt den Numm Julius als Virnumm benotzt. De Mount Juli, geneesou wéi de Julianesche Kalenner komme vum Numm Julius. Ausserdeem gëtt et de Julierpass an d'Julesch Alpen.

  Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.