Patrizier

Uewerschicht am antike Roum

D'Patrizier waren d'Uewerschicht am antike Roum. Si koumen aus Famillje mat berüümten oder aflossräiche Virfahren. D'Wuert Patrizier (patricius) kënnt vum laténgesche pater (Papp). D'Patrizier hu fir sech an Usproch geholl, d'Nofollger vun de Grënner vu Roum ze sinn.

Wärend der fréier réimescher Republik waren d'Bestiednisser tëscht Patrizier a Plebejer, dem gewéinleche Vollek, verbueden. Och den Handel war strikt getrennt. No an no hu sech déi Restriktiounen opgelockert, an d'Patrizier an d'Plebejer hunn d'nobilitas, déi nei Führungsschicht vu Roum gebilt.

D'politesch Fraktioun vun de Patrizier war meeschtens d'Optimates. Mä et konnt och emol virkommen, datt si hiert Gléck bei de Populares probéiert hunn. Dat berüümtst Beispill heifir ass de Julius Cäsar.

Bekannt Patrizierfamilljen, aus deene vill Konsulen an aner héich Beamte koumen, waren zum Beispill d'Cornelier, Valerier, Julier, Claudier, Aemilier, Fabier a Iunier.

Am spéidere Réimesche Räich huet de Keeser Konstantin de Groussen den Titel Patrizier als Éierentitel nees agefouert. Um Enn vum 5. Joerhonnert waren d'Patrizier déijeeneg, déi d'Muecht hanner dem Keesertroun haten, wéi zum Beispill de Stichilo, den Aetius oder de Ricimer.

Nach am Mëttelalter gouf et Patrizierfamiljen, déi am Hellege Réimesche Räich, an Italien an a Frankräich an d'gesellschaftlech Uewerschicht gebilt hunn.

Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.