D'Juegdgeld ass eng Indemnitéit, déi de Piechter un d'Proprietäre vun den Terrainen am Lous bezilt, well si him d'Recht fir ze joen oftrieden.

De Piechter bezilt d'Proprietären net direkt, mä de Juegdsyndikat, deen d'Suen da proportionell zu der Gréisst vun den Terrainen un déi eenzel Proprietären, déi Member am Juegdsyndikat sinn, virugëtt.

De Proprietär muss sech selwer drëm këmmeren, datt de Juegdsyndikat seng Bankverbindung huet. Wann hien dat no dräi Joer net an d'Rei bruecht huet, da verfält säin Urecht an d'Suen vum dem eelste Juegdjoer ginn un déi aner Proprietäre verdeelt. D'Prozedur fir de Konto matzedeele kann um guichet.lu [1] gemaach ginn.

Entwécklung vum duerchschnëttleche Juegdgeld pro Hektar a Bezierk[2] änneren

Pachtperiod Zentrum-Osten Zentrum-Westen Osten Norden Süden Global
2012-2021 17,6 € 16,4 € 18,3 € 14,5 € 11,9 € 15,7 €
2021-2030 14,9 € 15,7 € 26,0 € 18,8 € 12,9 € 18,0 €

Referenzen an Notten änneren

  1. Seine Bankdaten für das Jagdsyndikat angeben oder aktualisieren
  2. Bulletin technique de l'administration de la nature et des forêts en matière de gestion de la faune sauvage et de chasse - numéro 9 Säit 54 Grafik 2 Donnéë vun der Natur- a Bëschverwaltung