Joy (Moundkrater)
Moundkrater
Den Joy ass e klengen Aschlagkrater westlech vum Mare Serenitatis. E läit am ëstlechen Deel vun de Bierger déi de Palus Putredinis am Weste vum Mare Serenitatis trennen.
Koordinaten | 25°0'36"N, 6°33'36"O |
---|---|
Duerchmiesser | 5,12 km |
Déift | 1.000 m |
Selenographesch Längt | 353° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Alfred Harrison Joy |
Genannt am Joer | 1973 |
Moundvéiereck | LQ12 |
Den Joy huet eng kreesronn, schosselaarteg Form mat engem liicht opgebéite Rand.
Ier en am Joer 1973 vun der Internationaler Astronomescher Unioun säin eegenen Numm krut, ass en als 'Hadley A' gefouert ginn.
De Mons Hadley vun deem e säin éischten Numm hat, läit a west-nordwestlecher Richtung am Norde vun de Moundappenninen.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Joy – Biller, Videoen oder Audiodateien |