D'Montes Apenninus ass déi gréisst Biergketten um Äerdmound. De Biergzuch ass en Deel vum Kraterwall ëm d'Becke vum Mare Imbrium a läit südlech vun de Montes Alpes. Hien huet eng Längt vu ronn 600 km an hieft sech plazeweis iwwer 5000 m an d'Luucht.

De nërdlechsten Deel vun de Moznd-Apennin an der Hadley-Rill an der Landeplaz vun Apollo 15.

D'Mound-Apennine goufe vum Hevelius no dem Apennin an Italie genannt. Säi méi südlechen Ofschnëtt gëtt am Nordweste vum Mare Imbrium an am Südoste vum Mare Vaporum flankéiert. Doduerch gläicht d'geographesch Glidderung där vum ierdeschen Apennin, deen tëscht dem Adriatesche Mier am dem Tyrrhenesche Mier läit.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

7