Journée nationale de l'histoire locale

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Journée nationale de l'histoire locale ass en Dag am Joer op deem sech déijéineg treffen, déi sech fir d'Lokalgeschicht zu Lëtzebuerg interesséieren.

D'Theeme si virun allem d'Geschicht am Allgemengen, de Patrimoine culturel, d'Genealogie, d'Archeologie an d'Muséologie.

Déi éischt 'Journée' gouf 2010 vum President vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn Romain Jacoby zu Mäerzeg organiséiert. 2011 gouf se de 6. November vun der Associatioun D'Frënn vum Brennereimusée zu Kielen organiséiert.[1]

Nieft der Journée nationale de l'histoire locale gëtt et och nach d'Journée nationale de généalogie et d'histoire locale.

Um Spaweck änneren

  • D'Journée nationale de l'histoire locale op Luxweb [1]

Referenzen an Notten änneren

  1. Zweite Auflage der "Journée nationale de l'histoire locale" in Kehlen. Luxemburger Wort vum 2. November. 2011, S. 18.