Joseph Wolter

lëtzebuergeschen Jurist

De Joseph Wolter, gebuer den 21. November 1896 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 25. Juni 1976, war e lëtzebuergeschen Affekot.

Joseph Wolter
Gebuer 21. November 1896
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 25. Juni 1976
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot

Hie war vun 1937 bis 1970 President vum Verwaltungsrot vun der Fortuna-Bank.

Den 30 November 1944 gouf hien duerch en Arrêté grand-ducal President vum Conseil d'administration vum 'Office des Sequestres'.[1]

Hie gouf den 30. Mee 1961 als Member vum Staatsrot nominéiert an ass dat bis zu senger Demissioun de 17. Januar 1968 bliwwen.[2]

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. Am Memorial A N° 18 vun 1945 gouf op der Säit 166 d'Nominatioun vum Joseph Wolter als President vum Sequester publizéiert Gearchiveerd op 2016-09-18. Gekuckt de(n) 2013-01-01.
  2. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  3. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1960 Memorial A N° 17 vun 1960 Gearchiveerd op 2014-04-21. Gekuckt de(n) 2016-03-30.