Jupp Wagner

lëtzebuergesche Paschtouer an Zwangsrekrutéierten
(Virugeleet vu(n) Joseph Wagner)

De Joseph ("Jupp") Wagner, gebuer de 14. Juni 1922 a gestuerwen den 29. Dezember 2008, war e lëtzebuergesche Paschtouer an Zwangsrekrutéierten.[1]

Jupp Wagner
De Jupp Wagner ass um Nikloskierfecht begruewen.
Gebuer 14. Juni 1922
Gestuerwen 29. Dezember 2008
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Priister, Zwangsrekrutéierten

Hie war Paschtouer zu Esch-Uelzecht, Buerglënster an Nidderaanwen. Hie gouf bekannt, well e sech virun allem an den 1980er Joren a Publikatiounen (haaptsächlech am forum) kritesch mat der Politik vu senger Kierchen-Hierarchie auserneegesat huet. Den 1991 nei ernannten Äerzbëschof Fernand Franck huet en, als eng vu sengen éischten Amtshandlungen, zwangspensionéiert.[2]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. De Jupp Wagner um Site ons jongen a meedercher
  2. D'Lëtzebuerger Land 56 Nr.2, 09.01.2009, S.4).