Joseph Thilges

lëtzebuergesche Magistrat


De Joseph Thilges, gebuer de 15. Abrëll 1850 zu Dikrech a gestuerwen de 15. Dezember 1916[1] an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Magistrat.[2]

Joseph Thilges
Gebuer 15. Abrëll 1850
Dikrech
Gestuerwen 15. Dezember 1916
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter, Affekot
Famill
Papp Édouard Thilges

De Joseph Thilges huet Droit studéiert a gouf de 16. Oktober 1873 als Affekot vereedegt.[3]

Karriär als Magistrat änneren

De 16. Abrëll 1879 gouf hien 3. Suppléant um Tribunal d'arrondissement zu Dikrech.[3]

De 27. Abrëll 1881 gouf hie Friddensriichter zu Dikrech.[3]

De 17. Mee 1882 krut hie seng Ernennung als Substitut um Parquet zu Lëtzebuerg.

De 14. Mäerz 1883 gouf hie Riichter um Tribunal d'arrondissement zu Lëtzebuerg.[4]

Den 30. November 1892 gouf hie President vum Tribunal d'arrondissement zu Lëtzebuerg.[5]

De 27. Oktober 1913 gouf hien de Vize-President vun der Cour supérieur de justice.[6]

De Joseph Thilges war vum 3. Mäerz 1915[7] bis zu sengem Doud de 15. Dezember 1916 Member vum Staatsrot zu Lëtzebuerg.[8]

Säi Papp war de lëtzebuergesche Politiker Édouard Thilges.[1]

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 (en)Joseph Thilges (1850-1916) | WikiTree FREE Family Tree. www.wikitree.com (1850-09-15). Gekuckt de(n) 2023-08-14.
  2. 2,0 2,1 (fr)Jules Mersch, Joseph Thilges. Biographie nationale du pays de Luxembourg : Fascicule 06 415. luxemburgensia.bnl.lu. Gekuckt de(n) 2023-08-14.
  3. 3,0 3,1 3,2 (fr)Jules Mersch, Joseph Thilges. Biographie nationale du pays de Luxembourg : Fascicule 06 414. luxemburgensia.bnl.lu. Gekuckt de(n) 2023-08-14.
  4. Avis - Justice. Memorial N° 17 vun 1883. eluxemburgensia.lu. Gekuckt de(n) 2023-08-14.
  5. (fr)Avis - Justice. Memorial N° 66 vun 1892. eluxemburgensia.lu (9. Dezember 1892). Gekuckt de(n) 2023-08-14.
  6. (fr)Avis - Justice. Memorial N° 73. eluxemburgensia.lu (30. Oktober 1913). Gekuckt de(n) 2023-08-14.
  7. (fr)Avis - Conseil d'État. Memorial. eluxemburgensia.lu (4. Mäerz 1915). Gekuckt de(n) 2023-08-14.
  8. (fr)Membres depuis 1857. conseil-etat.public.lu (2023-05-24). Gekuckt de(n) 2023-08-14.