De Joseph Adam, gebuer de 6. Oktober 1918 zu Biissen a gestuerwen den 2. September 2000, war e lëtzebuergeschen Häerz-Jesu-Pater, Enseignant a Fotograf.

Joseph Adam
Gebuer 6. Oktober 1918
Gestuerwen 2. September 2000
Aktivitéit Fotograf

Säi Liewen änneren

De Joseph Adam war dat eelst vu siwe Kanner aus enger Bauerefamill vu Biissen. No der Primärschoul a sengem Duerf ass en 1930 op Clairefontaine gaangen, fir an der deemoleger École apostolique vun den Häerz-Jesu-Patere seng Secondairesstudien ze maachen. Do gouf him kloer, datt hie wollt Pater ginn. 1937 ass hien deemno op Léiwen op d'Kathoulesch Universitéit weiderstudéiere gaangen, mä de Krich sollt seng Philosophie-Studien ënnerbriechen. Schonn 1940, allerdéngs, huet hie seng Profess ofgeluecht. A schléisslech konnt hie seng Universitéitsstudien 1945 glécklech op en Enn bréngen. Duerno ass en op Paräis op den Institut catholique de Paris nach eng Lizenz an Theologie maache gaangen. Seng Congregatioun huet en dunn zum Rekter vum Häerz-Jesu-Klouschter um Houwald genannt. 1950 awer, huet et de Pater Adam nees op d'Universitéit gezunn, an hien ass op Freiburg i. Br. säin Dokter an der Philosophie maache gaangen. Seng Dissertatioun huet sech mat dem Clemens Brentano senger Experienz mat der Mystikerin Anna Katharina Emmerick beschäftegt.

No sengem Doktorat gouf de Pater Adam fir laang Jore Professer fir Däitsch a Philosophie a senger aler Schoul zu Clairefontaine. Ee vu senge Schüler, deen et wäit sollt brénge, war de Jean-Claude Juncker. Nieft sengen Aktivitéiten als Enseignant, huet de Pater Adam och nach déi eng oder aner Par an der Ëmgéigend vu Clairefontaine betreit. Säi groussen Hobby, deen e praktesch op professionellem Niveau bedriwwen huet, war d'Fotografie. Seng Biller goufen haaptsächlech an der Revue Heimat und Mission, déi zu Clairefontaine produzéiert gëtt, publizéiert. De Pater Adam huet och reegelméisseg Artikele fir dës Publikatioun verfaasst.

1986 krut de Pater Adam den Optrag vum Hellege Stull, Verdeedegung am Séilegspriechungsprozess vun der Anna Katharina Emmerick virzebereeden (kuckt och de:Anna Katharina Emmerick !). Dat sollt hie bis 1990 beschäftegen. Zwee Joer duerno, 1992, huet de Pater Adam, am Alter vu 74 Joer, nach emol sou eng Missioun iwwerholl, déi Kéier fir d'Séilegspriechung vun der Maria Theresia Bonzel, der Grënnerin vum Franziskanerinnenuerde vun Olpe (vgl. dozou: de:Theresia Bonzel !).

Vun 1990 bis zu sengem Doud, war de Pater Adam an der Haaptsaach Aumônier vum Handicapéierten-Home Sainte-Elisabeth zu Réimech.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Clemens Brentanos Emmerick-Erlebnis. Bindung und Abenteuer. Mit 8 Tafeln. XVII + 337 + VIII Seiten. Verlag Herder Freiburg, 1956.
  • Die Leidensmystik A.K. Emmericks; in: Heimat + Mission, 10/11, 1990, Ss. 214-216.
  • Zur 'Positio über die Tugenden' für die Seligsprechung von A.K. Emmerick ; in: Die Warte - Perspectives, Jgg. 47, Nr. 20/1702 (= Kulturbäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 30. Juli 1994; mat enger Foto vum Pater Jos. Adam a mat engem Portrait vun der A.K. Emmerick).
  • Ermesinde, Gräfin von Luxemburg (1186-1247) ; in: Heimat + Mission, 1/2, 1997; Ss. 3 - 15 (ill., Bibliogr.).

Literatur änneren

  • F.L.A., eng Niess vum Pater Adam, À la mémoire du Père Joseph Adam (mat enger Foto vum Pater); in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 28. September 2001.