Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Josef Blötzer, gebuer den 13. Mee 1849 am Lötschental (Wallis) a gestuerwen de 7. Juli 1910 zu Tréier[1], war e Jesuittt.

De Blötzer ass 1899 op Lëtzebuerg an d'Schrëftstellerheem um Lampertsbierg komm, wou hien den 20. August, wéi d'Communautéit vum Haus sech konstituéiert huet, als Superior agesat gouf.[2] Dës Aufgab, déi mat där vum Chefredakter vun der Zäitschrëft Stimmen aus Maria Laach verbonne war, huet hie vum August 1899 bis an den Hierscht 1903 erfëllt.

Säin Nofollger war de Karl Frick.[3]

Referenzen änneren

  1. Kuerz Biographie vum Joseph Blötzer am Luxemburger Wort vum 8. Juli 1910 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-01-08.
  2. E. Krier, 1994. Das Schriftstellerheim der deutschen Jesuiten in Luxemburg. Hémecht 46 (1), S. 258.
  3. Rita Haub: Stimmen der Zeit. Katholische Monatsschrift für das Geistesleben der Gegenwart. In: Historisches Lexikon Bayerns. [1]