Jos Weirich

lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker

De Joseph ("Jos") Weirich, gebuer den 11. Juni 1922 zu Diddeleng a gestuerwen de 27. Abrëll 2010 zu Esch-Uelzecht[1], war e lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker (EdF, CSV).

Jos Weirich
Gebuer 11. Juni 1922
Diddeleng
Gestuerwen 27. Abrëll 2010
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Enrôlés de force, CSV

De Jos Weirich gouf wärend der Däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich 1943 an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert an un d'russesch Front geschéckt. Do ass en 1944 desertéiert an huet sech als Refractaire zu Lëtzebuerg verstoppt.[1] Nom Krich huet hien an der vu sengem Papp gegrënnter Firma "Aluminium Lux" geschafft, déi Geschier fir de Stot aus Aluminium produzéiert huet, an dës spéider iwwerholl. An den 1980er Joren huet hien de Betrib op d'Produktioun vu Parabolantennen ëmgestallt.[1]

Politesch huet de Jos Weirich sech zanter 1960 an der Fédération des victimes du nazisme enrôlées de force, der Nofollgerin vun der Liga Ons Jongen engagéiert a gouf hire President. Haaptzil vun där Organisatioun war et, datt d'Zwangsrekrutéiert och als Krichsaffer unerkannt a behandelt sollte ginn. Sou huet hien de 4. Mäerz 1977 eng Petitioun vu 40 393 Leit un de Chamberpresident René Van den Bulcke iwwerreecht, där hiren Titel "Mir ginn eis net!" war. Fir de Fuerderunge méi Gewiicht ze ginn huet de Jos Weirich d'Partei Enrôlés de force gegrënnt, op där hirer Lëscht hie bei de Chamberwale vum 10. Juni 1979 an d'Parlament gewielt gouf. Am Januar 1984 ass hien an d'CSV-Chamberfraktioun iwwergetratt, gouf bei de Walen am Juni 1984 awer just Ersatzdeputéierte vun der CSV.[1]

Déi meescht vu senge Fuerderunge goufen am Laf vun de Joren ëmgesat.

Hie war och Grënnungsmember a langjährege President vu Radio Diddeleng.

Literatur änneren

  • Zenner, Roby, 2010. À la mémoire de Jos. Weirich de Dudelange. Lëtzebuerger Jounal 2010, Nr. 134 (15. Juli), S. 16.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Joseph Lorent: "Jos. Weirich im Alter von 87 Jahren gestorben." wort.lu, 29.04.2010 08:38.

Um Spaweck änneren