Jos Romersa
lëtzebuergeschen Turner
De Joseph André ("Änder") Romersa, gebuer den 1. November 1915 zu Diddeleng an och do de 5. November 2016 an der Nuecht op de 6. November gestuerwen[1],[2], war e lëtzebuergeschen Turner.[3]
Jos Romersa | |
---|---|
Gebuer |
1. November 1915 Diddeleng |
Gestuerwen |
6. November 2016 Diddeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Turner |
![]() |
Hie war vun 1923 bis 1931 bei der Société de Gymnastique "Jeune Garde Catholique" Diddeleng a vun 1931 bis 1980 beim Turnveräin Union Diddeleng lizenséiert.
Bei den Olympesche Spiller 1936 zu Berlin gouf hien de 84. vun 111 Konkurrenten.
Hien huet zu Diddeleng op der ARBED als Elektrikermeeschter geschafft.
Säi Jong ass de fréieren Héichsprénger Marc Romersa a säi Kandskand de Museker Pit Romersa.
Palmarès Änneren
- 1934-1947 Member vun der Lëtzebuerger Konschtturn-Nationalekipp
1934 Änneren
- Participatioun bei de Konschtturn-Weltmeeschterschaften zu Budapest: 8. vun 13 par Ekipp
1935 Änneren
- Concours International vun Sètes (Frankräich)
1936 Änneren
- Participatioun bei den Olympesche Spiller vu Berlin: 81. vun 112 Konkurrenten
1938 Änneren
- Participatioun bei de Konschtturn-Weltmeeschterschaften zu Prag: 40. vu 60 Konkurrenten
- Concours International vun Nice (Frankräich)
Auszeechnungen Änneren
- Chevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg[4]
Literatur Änneren
- Pierre Gricius: Vorbild im Sport wie im Leben am Luxemburger Wort vum 31. Oktober 2015, S.75
Kuckt och Änneren
Referenzen Änneren
- ↑ "De fréieren Turner Jos Romersa ass dout." rtl.lu, 07.11.2016, 08:18:55
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 8. November 2016, S. 51
- ↑ De Jos Romersa op der Websäit sports-reference.com
- ↑ 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur