De Joseph (Jos) Hallé, gebuer de 24. Mee 1926 zu Déifferdeng, gestuerwen den 18. Januar[1] 2005 zu Iechternach, war e lëtzebuergesche Mathematiksprofesser.

De Jos Hallé huet säi Stage vun 1950 bis 1952 am LGL gemaach, wou hien 1953 Repetent gouf. D'Schouljoer 1953/54 huet hien am Iechternacher Kolléisch (LCE) ugefaangen, wou hien de 16. Dezember 1953 seng Nominatioun als Professer krut a bis un d'Enn vu senger Karriär Mathematik enseignéiert huet.[2]

De Jos Hallé war eng vun den dreiwende Kräfte vun der Organisatioun vun den dräi Mathematiksseminaire vun der Commission internationale de l'enseignement mathématique (CIEM), déi tëscht 1965 an 1973 zu Iechternach stattfont hunn.[3]

Zesumme mat dem Helmut Wunderling, Professer an der Europaschoul zu Lëtzebuerg, huet de Jos Hallé dem Georges Papy (ULB) säi Buch Le premier enseignement de l'analyse op Däitsch iwwersat. Déi däitsch Versioun koum ënner dem Titel Topologie als Grundlage des Analysis-Unterrichts (Vandenhoeck & Ruprecht, Göttingen 1970, 292 S.) eraus. De Jos Hallé huet och Rezensioune vu mathematesche Bicher geschriwwen.[4]

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. État civil, Iechternach, Acte de décès N° 3/2005; Luxemburger Wort 2005-01-19, S. 36 (Doudesannonce). Am Noruff vum F. Bauer (2005) steet: 17. Januar.
  2. Bauer 2005.
  3. Massard & Geimer, S. 469-471.
  4. Massard & Geimer, S. 469.