Jonk Fuerscher Lëtzebuerg
Jonk Fuerscher Lëtzebuerg, och nach Fondation Jeunes scientifiques Luxembourg genannt, gekierzt FJSL, ass e Veräi mat Sëtz am Forum Geesseknäppchen an der Stad Lëtzebuerg, deen den 1. September 1977 gegrënnt gouf.[1] De Veräi riicht sech am Prinzip u Jonker bis 21 Joer, déi sech fir Wëssenschaft a Fuerschung interesséieren. Erwuessener kënnen och Member ginn. D'Aktivitéite vum Veräi gi vum Fuerschungsministère a vum Nationale Fuerschungsfong ënnerstëtzt.
Ziler vun der AJSL
änneren- d'Fërdere vun Aktivitéiten um nationale Plang am Beräich Wëssenschaftserzéiung baussent de Schoulzäiten;
- d'Organisatioun vu Concourse fir jonk Fuerscher;
- d'Zesummenaarbecht mat aneren Organisatiounen um nationalen an um internationale Plang, déi an änleche Beräicher aktiv sinn.
Facilitéiten an Aktivitéiten
änneren- Kontakter mat Spezialisten;
- Virschléi fir ze fuerschen;
- d'Matmaache bei international Concoursen;
- Stagen am Ausland;
- interessant Visitten, Ausstellungen a Konferenzen.
Concoursen a Präisser
änneren- D'FJSL organiséiert de Concours Jeunes scientifiques Luxembourg;
Kooperatiounen
änneren- Fondation Jeunes scientifiques Luxembourg
- Science Club Lëtzebuerg, eng Initiativ vum Naturmusée an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, mat PInS asbl a mat de Jonk Fuerscher Lëtzebuerg;
- ProScience, e Groupement bei deem d'AJSL Partner ass.
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Cf. d'Statuten am Mémorial Nr. 31: 1465, 24. Februar 1978; d'Refonte aus dem joer 2005 (Mémorial Nr. 1028: 49312-49314, 12. Oktober 2005).