Projets interactifs scientifiques

Projets interactifs scientifiques, ofgekierzt PInS, op Englesch Interactive Science Projects[1], ass e Veräin ouni Gewënnzweck, dee wëssenschaftlech Aktivitéite fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener proposéiert. De Veräi mat Sëtz zu Béiweng gouf de 14. Februar 2009 gegrënnt.[2]

Zil vu PInS ass d'Promotioun vun der wëssenschaftlecher Kultur duerch Initiative wéi beispillsweis:

  • pedagogesch oder spilleresch wëssenschaftlech Projeten wéi Atelieren, Science-Campen a Showen;
  • Weiderbildung fir wëssenschaftlech Animatiounen;
  • Grënne vun engem interaktive Raum fir d'Wessenschaften;
  • Konferenzen an ëffentlech Diskussiounen;
  • Studiereesen.

PInS ass Partner vum Naturmusée am Kader vum Science Club; fir déi meescht Aktivitéieten lafen d'Umellungen iwwer de Science Club.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Cf. Artikel 1 vun de Grënnungsstatuten: L'association porte le nom "en français: Projets Interactifs Scientifiques asbl - en anglais: Interactive Science Projects asbl" ayant pour abrégé PInS.
  2. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial Nr. 854: 40977-40980 vum 21.4.2009.