Concours Jeunes scientifiques Luxembourg

De Concours National Jeunes Scientifiques ass e Concours, bei deem Jonker opgeruff ginn, eng perséinlech Fuerschungsaarbecht am de Beräicher Wëssenschaften an Technologien duerchzeféieren. De Concours gëtt zanter 1971 all Joer duerchgefouert. De 25. Mee 1971 gouf de Concours fir d'éischt Kéier zu Lëtzebuerg presentéiert. Déi éischt Präisiwwerreechung war den 20. November 1971.

Un de Concours deelhuele kann all Jonk tëscht 11 an 21 Joer deen eng wëssenschaftlech Fuerschung duerchgefouert huet a seng schrëftlech Fuerschungsaarbecht bis den éischte Méindeg am Abrëll (vun all Joer) erareecht.

Vum grousse Succès motivéiert gouf dunn am Joer 1977 de Veräi Jonk Fuerscher Lëtzebuerg (Association Jeunes scientifiques Luxembourg, kuerz AJSL) an am Joer 1992 d'Fondation Jeunes scientifiques Luxembourg gegrënnt, virun allem fir am Kader vum Concours eng Hand mat unzepaken.

Der FJSL hir Aufgab ass et fir déi Jonk z'informéieren an hinne bei der Sich no engem Tuteur ze hëllefen. Finanziell Hëllefe gëtt et normalerweis keng. D'AJSL kann awer materiell hëllefen, z. B. andeems de jonke Fuerscher Zougank zu Experimentéiermaterial an enger Schoul kritt.

Follgend Etappe gehéieren zum Concours Jeunes scientifiques:

  • Schreiwe vun enger wëssenschaftlecher Aarbecht;
  • Opbaue vun engem Stand;
  • Presentatioun um Stand;
  • Gespréich mat der Jury;
  • Presentatioun viru Publikum;
  • Präisiwwerreechung.