Jong-Hémecht
fréier lëtzebuergesch Zäitschrëft
(Virugeleet vu(n) Jonghémecht)
Jong-Hémecht war eng Zäitschrëft, déi zu Lëtzebuerg tëscht September 1926 a Mäerz 1940 an der Moyenne all zwéi Méint erauskoum. Si gouf vum Victor Neuens (1898-1975) gegrënnt an erausginn, vun 1935 u war de Friny Gilson (1893-1942) Editeur.[1]
Typ | Zäitschrëft |
---|---|
Periodizitéit | 6 a |
Sprooch | Däitsch |
Éischt Ausgab | 1. September 1926 |
Grënner | Victor Neuens |
Lescht Ausgab | 1. Mäerz 1940 |
Land | Lëtzebuerg |
Sujeten |
Literatur, Theater, Ethnologie |
Editeur | Victor Neuens, François Gilson |
Jong-Hémecht, mam Ënnertitel Zeitschrift für heimatliches Theater, Schrift- und Volkstum (oder Variatiounen dovun) war deemools eng vun de wichtegste Kulturzäitschrëften zu Lëtzebuerg. An hir goung et haaptsächlech ëm Literatur, Theater an Ethnologie. 1933 an 1937 koumen zwou Sonnernummere vum Tony Kellen (1869-1948) senger luxemburgische Geschichtsschreibung an hir eraus. 1938 gouf et eng Extranummer iwwer d'Geschicht vum Theater in Luxemburg vum Joseph Hurt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Déi eenzel Nummere vu Jong-Hémecht op eluxemburgensia, engem Site vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, liesen.
Referenzen
änneren- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Fiche vu Jong-Hémecht op eluxemburgensia.lu.