Johny Fritz

lëtzebuergesche Museker

De Johny Fritz, gebuer de 14. Dezember 1944 am Elterenhaus zu Uespelt[1], ass e lëtzebuergesche Museker, Professer a Komponist. Seng Eltere waren den Transporteur Albert Andreas Fritz an deem seng Fra, d'Lucia Fellerich.

Johny Fritz
Gebuer 14. Dezember 1944
Uespelt
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Museker

Liewenslaf änneren

Schonn an Alter vun ongeféier zéng Joer huet de Johny Fritz als Autodidakt geléiert Klarinett ze spillen an 1956 war hien am Stater Conservatoire ageschriwwen. Am Summer 1962 huet hien un de Summercoursë vun der Jeunesses musicales am Schlass vu Weikersheim an Däitschland deelgeholl.

No der Première 1966 am Stater Jongelycée huet hien en duaalt Studium (Klarinett) am Stater Conservatoire an an deem vu Léck gemaach. Am Joer drop huet hie säin éischt Stéck Drei Skizzen komponéiert.

Fir d'Schouljoer 1967/68 ass hien op den Nanzeger Conservatoire an 1969 op dee vu Bréissel gewiesselt, wou hien 1972 den éischte Präis an der Klarinett gewonnen huet.

Vun 1973 un huet hien als Chargé de cours Klarinett, Blockflütt a Kammermusek um Conservatoire an der Stad enseignéiert a gouf do 1980 Professer, eng Funktioun déi hie bis zu senger Pensioun am Joer 2005 assuréiert huet.

1976 huet de Johny Fritz e Projetsensembel op d'Bee gesat fir Al Musek am Conservatoire opzeféieren.

Hie war 1983 Matgrënner vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Nei Musek an 1984 Grënner vum Ensembel fir mëttelalterlech Musek Tempus est iocundum.

Privatliewen änneren

De Johy Fritz huet sech 1977 mat der Francine Lorentz, enger Pianosléierin aus dem Stater Conservatoire bestuet.

Erik-Satie-Sammlung änneren

Enn vun den 1960er Joren, wéi de Fritz als Student Pianosstonne geholl huet, huet hie sech e Band mat liichte Pianosstécker kaaft, wou och déi éischt Gymnopédie vum franséische Komponist Erik Satie (1866 - 1925) dra war. De Fritz war faszinéiert vum Satie senge Kompositiounen a säin Interessi geet duerno wäit iwwer dat Musikalescht eraus. Am Laf vun der Zäit sammelt hien alles wat mam Liewe vum Komponist an der Bohème parisienne ëm d' Joerhonnertwend ze dinn huet.

Schonn an de fréien 1970er Joren huet de Fritz domat ugefaange sech kritesch mam gesammelte Material ausenanerzesetzen. D'Resultat sinn ë. A. Studien iwwert d'Fragment Le Bœuf Angora an iwwert d'Pianosstéck Vexations souwéi eng net verëffentlecht Studie, eng Mëschung aus Fotoalbum, Katalog, Biographie a Wierksanalys, an där dem Satie säi Liewen a Schaafe verständlech a mat ville Biller duergestallt gëtt.

Am Johny Fritz senger Privatsammlung fënnt een och autobiographesch Dokumenter, seng Kompositiounen, alles wat mat senger professionellen Aktivitéite bei Tempus est iocundum ze dinn huet grad wéi Dokumenter vum an iwwert den Erik Satie an d'Bohème parisienne an awer och eng Instrumentensammlung, absënns mat Flütten aus der ganzer Welt.

D'Häerzstéck vun der Sammlung sinn 94 Bréiwer vum Satie vun deenen der eng Rëtsch der Wëssenschaft laang Zäit net bekannt waren.

Kompositiounen (Auswiel) änneren

De Johny Fritz huet verschidde Wierker fir Orchester, Kammermusek a Solowierker geschriwwen. Seng Kompositioune si vu ville lëtzebuergeschen an auslänneschen Ensembele gespillt ginn.

Orchesterwierker änneren

  • Concerto pour orchestre (1980-83)
  • Konzertstück für Tuba

Kammermusek änneren

  • Drei Skizzen (1967) fir Klarinett solo
  • Vier Stücke (1975/76) fir Blockflütt a Piano
  • Trois pièces à la manière de… (1977) fir Blockflütt a Piano
  • Quintette (1978/79) fir dräi Blockflütten an zwou Klarinetten
  • Mouvement (1979/1980) fir Sträicher a Perkussioun
  • Sinfonia in percussione no. 1 (1984)

Vokalmusek änneren

  • Trois poèmes d'amour (2000) fir Sopran, Flütt a Harf

Ausstellungen änneren

iwwert de Johny Fritz: änneren
  • Johny Fritz - Luxemburger Komponist, Musiker und Sammler, Ausstellung an der Nationalbibliothéik (12/10/2022 - 25/03/2023)

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Luxembourg Music Publishers - Fritz Johny. musicpublishers.lu. Gekuckt de(n) 30.08.2020.