Blockflütt
Klassifikatioun Aerophon
Holzblosinstrument
Tounëmfank
Änlech Instrumenter Piccoloflütt
Museker
Marion Michels
Kategorie:Flüttisten

Eng Blockflütt ass e Museksinstrument aus der Famill vun den Aerophonen, méi genee en Holzblosinstrument.

Schematesch Duerstellung vun engem Blockflüttemondstéck

D'Blockflütt besteet aus Holz, hautdesdaags och alt aus Plastik. Den Numm kënnt vum Stéck Holz (Block oder Kär genannt) dat am Mondstéck d'Loft op de Labium hi kanaliséiert wou dann den Toun entsteet. D'Tounhéicht hänkt, nieft der Gréisst vum Instrument, vun der Zuel an der Kombinatioun vun de Grëfflächer, déi mat de Fangere vum Spiller zougehal ginn an och vun der Intensitéit vum Loftstroum of.

Blockflüttefamill änneren

Et gëtt Blockflütten a verschidde Gréissten, geleefeg sinn:

 
Alt-, Sopran- a Sopraninoblockflütt (vun uewen, Moossstaf = 10 cm)

Geschicht änneren

Blockflütte gouf et schonn am Mëttelalter. Hir Héichzäit war de Barock. Duerno goufe se no an no vun der Querflütt verdrängt, well d'Orchesteren ëmmer méi grouss goufen an d'Querflütte besser ze héiere sinn wéi d'Blockflütten.

Wichteg Solisten änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Recorders (musical instrument) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Notten änneren

  1. D'Sopraninoblockflütt gëtt och nach Diskantflütt genannt.
  2. D'Sopranblockflütt gëtt meeschtens benotzt fir ze léieren.