Johnny Geisen

lëtzebuergesche Missionaire

De Johann Albert (Johnny) Geisen, gebuer den 11. November 1942 an der Stad Lëtzebuerg[1] a gestuerwen den 9. November 2016 zu São Lourenço da Mata a Brasilien, war e Lëtzebuerger Pater a Missionnaire. Hie war de Fils vum Elektriker Nicolas Geisen a deem senger Fra Cécile Pierquet, déi bei senger Gebuert am Neiduerf gewunnt hunn a spéider op Béiweng geplënnert sinn.

Johnny Geisen
Gebuertsnumm Johann Albert Geisen
Gebuer 11. November 1942
Lëtzebuerg
Gestuerwen 9. November 2016
São Lourenço da Mata
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Priister, Missionnaire

De Johnny Geisen huet seng Primärschoul zu Béiweng gemaach, ier e vun 1955 bis 1962 op Clairefonteine an d'Internat vun den Häerz-Jesu Patere goung. No engem Philosophies- an Theologiesstudium zu Léiwen an zu Roum huet e seng Primiz den 12. Juli 1970 an der Béiwenger Kierch gefeiert [2] [3]. 1971 ass de Johnny alias João Geisen an den Nord-Oste vu Brasilie gereest, wou e bis zu sengem Doud Pastoral- a Sozialaarbecht an de Gemenge ronderëm Recife am Bundesstaat Pernambuco geleescht huet.

De 16. Dezember 2019 huet de Gemengerot vun der Réiser Gemeng eestëmmeg decidéiert, datt d'“Rue de la Poste” zu Béiweng sollt op den Numm “Rue Johnny Geisen” ëmbenannt ginn, fir u säin onermiddlechen Asaz fir déi Aarm z'erënneren.

Referenzen

änneren
  1. Familienbuch der Stadt Luxemburg, Geburten, am: Luxemburger Wort Jg. 95 (1942), N° 331 vum 27. November 1942, S. 4. (gekuckt op eluxemburgensia de 15. September 2024)
  2. Bivingen – Primiz, am: Luxemburger Wort Jg. 123 (1970), N° 192/93 vum 11. Juli 1970, S. 9. (gekuckt op eluxemburgensia de 15. September 2024)
  3. Die Primizfeiern – In Bivingen/Berchem, am : Luxemburger Wort, Jg. 123, N° 195 vum 14. Juli 1970, S. 11. (gekuckt op eluxemburgensia de 15. September 2024).