John M. Coetzee

südafrikaneschen, engleschsproochege Schrëftsteller
(Virugeleet vu(n) John Maxwell Coetzee)


Den John Maxwell Coetzee (IPA: [kʊtˈsiː]) oder (IPA: [kʊtˈsiə]) (meeschtens als J. M. Coetzee uginn), gebuer den 9. Februar 1940 zu Kapstad, ass e südafrikaneschen, engleschsproochege Schrëftsteller; zënter 2007 huet hien déi australesch Nationalitéit.

John M. Coetzee
Gebuer 9. Februar 1940
Kapstad
Nationalitéit Südafrika, Australien
Educatioun Universitéit vu Kapstad,
University of Texas
Aktivitéit Linguist, Iwwersetzer, Romancier, Essayist, Librettist, Dréibuchauteur, Universitéitsprofesser, Dichter, Schrëftsteller, Prosaist, Kritiker
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Royal Society of Literature

Seng Wierker hunn dacks en däitleche Bezuch op déi politesch a sozial Problemer vu sengem Land, a stellen d'Mënschlechkeit op engem héijen estheeteschen Niveau an de Mëttelpunkt. Allegoresch gëtt duerch d'Liewe vun eenzele Personnagë dat vun alle Mënsche beschriwwen. De Coetzee ass en engagéierte Vegetarier a Verdeedeger vun Déiererechter.

Nieft Romaner, fir déi en am meeschte bekannt ass, schreift de Coetzee och Essayen, dacks iwwer literaturwëssenschaftlech Froen.

Hie krut als éischten Auteur zweemol de Booker Prize an huet 2003 de Literaturnobelpräis kritt.

Wierker änneren

Romaner an Erzielungen änneren

  • 1974: Dusklands (The Vietnam Project an The Narrative of Jacobus Coetzee)
  • 1977: In the Heart of the Country (Roman)
  • 1980: Waiting for the Barbarians
  • 1983: Life & Times of Michael K (Roman)
  • 1986: Foe (Roman)
  • 1990: Age of Iron (Roman)
  • 1994: The Master of Petersburg (Roman)
  • 1997: Boyhood. Scenes from Provincial Life
  • 1999: Disgrace (Roman)
  • 1999: The Lives of Animals
  • 2002: Youth (Roman)
  • 2003: Elizabeth Costello. Eight Lessons
  • 2004: As a Woman Grows Older (Erzielung).
  • 2005: Slow Man (Roman)
  • 2007: Diary of a Bad Year
  • 2009: Summertime (Roman)
  • 2013: The Old Woman and the Cats (Erzielung). In: J. M. Coetzee, Berlinde De Bruyckere: Cripplewood/Kreupelhout. Yale University Press, ISBN 978-0-30-019657-3.
  • 2013: Childhood of Jesus (Roman).

Sachbicher, Essays a Bréiwer änneren

  • 1988 White Writing. On the Culture of Letters in South Africa
  • 1992 Doubling the Point. Essays and Interviews
  • 1996 Giving Offense. Essays on Censorship
  • 1997 What is Realism?
  • 2001 The Humanities in Africa (Virtrag, bei der Carl-Friedrich-von-Siemens-Stiftung de 15. Mäerz 2001 gehalen)
  • 2001 Stranger Shores. Essays 1986–1999
  • 2007 Inner Workings. Essays 2000–2005
  • Here and Now. Letters 2008 – 2011, zesumme mam Paul Auster, Viking Penguin Group, New York; Faber&Faber sowie Harvill Decker, London 2013, ISBN 978-0-571-29927-0

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: John Maxwell Coetzee – Biller, Videoen oder Audiodateien