John L. MacAdam

Schotteschen Ingenieur deen de « Makadamm » erfonnt huet

Den John Loudon McAdam, gebuer den 23. September 1756 zu Ayr, County Ayrshire (Schottland), a gestuerwen de 26. November 1836 zu Moffat, County Dumfriesshire (Schottland), war e schotteschen Erfinder, deen 1815 en deemools revolutionären an einfachen Ënnerbau fir Stroossen entwéckelt huet. Dëse gouf benotzt fir d'Stroossefläch ze befestegen a gëtt haut nach als Makadamm bezeechent.

John L. MacAdam
Den John Loudon McAdam
Gebuer 21. September 1756
Ayr
Gestuerwen 26. November 1836
Moffat
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Bauingenieur, Erfinder
Famill
Bestuet mat Gloria Margaretta Nicoll, Anne Charlotte Delancey
Papp James McAdam of Waterhead
Mamm Susannah Cochrane
Bau vun der éischter Strooss mat „Makadamm“

De McAdam ass nom Doud vu sengem Papp am Alter vu 14 op New York gaangen, wou en an der Firma vun engem Monni, dem William McAdam, geschafft huet. Wärend dem Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich stoung hien op der brittescher Säit. Hien huet Sue gemaach andeems e Wuere verkaaft huet, déi en am Optrag vun der brittescher Regierung geklaut oder geplëmmt hat. Nom Krich huet hie 1783 misse vun New York fort an ass hannescht a Schottland gaangen. Wa säi Verméigen och zum gréissten Deel confisquéiert gi war, sou hat hien awer genuch Sue fir sech e Landhaus zu Sauchrie an der Grofschaft Ayrshire ze kafen.

De schlechten Zoustand vun de Stroossen op sengem Terrain huet derzou gefouert, datt hie sech mam Stroossebau beschäftegt huet. An zwee Dokumenter an de Joren 1816 an 1819 huet hien d'Technik vum Stroossebau beschriwwen, déi hien entwéckelt huet. Am Weesentleche goung et dobäi ëm en anstännegen Drainage an den eigentlechen Opbau aus verschiddene Loen. Déi éischt Strooss, déi hien no sengen Iddie baue gelooss huet, war d'Verbindung déi vun der Strooss Alloway – Maybole op seng Lännereie gefouert huet.

1801 gouf hien Inspekter vun der Bristol Turnpike Trustee, enger Gesellschaft déi Maut-Stroosse bedriwwen huet an an deen Ament ass seng Karriär als Stroossebauer lassgaangen. 1818 war hie scho Beroder vu 34 Gesellschaften a fënnef Joer méi spéit huet hien – zesumme mat sengen dräi Jongen  – fir 70 Firme geschafft, vun deenen der 34 vun der Famill Mcadam geréiert goufen. 1827 gouf de McAdam Surveyor-General of Metropolitan Roads.

Literatur

änneren
  • Remarks on the Present System of Road-Making
  • Practical Essay on the Scientific Repair and Preservation of Roads

Éierung

änneren

Fir un den John L. MacAdam z'erënneren, huet de Stater Schäfferot de 15. Mäerz 1978 decidéiert, eng Strooss zu Hamm no him zu nennen: d'Rue John L. Mac Adam leeft vum Rond-point Robert-Schaffner an d'Industriezon „Hammer Dällchen[1].

Um Spaweck

änneren
Commons: John L. MacAdam – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 11.10.2024.