John Hume

nordiresche Politiker

Den John Hume, gebuer den 18. Januar 1937 zu Derry/Londonderry, an och do den 3. August 2020 gestuerwen[1], war en nordiresche Politiker.

John Hume
Gebuer 18. Januar 1937
Derry
Gestuerwen 3. August 2020
Derry
Nationalitéit Irland, Nordirland
Educatioun St Columb's College
Aktivitéit Politiker
Partei Social Democratic and Labour Party

Hie war Matgrënner a President vun der Social Democratic and Labour Party (SDLP), déi sech dofir agesat huet, datt Irland sollt ouni Gewalt vereent ginn. 1998 krut hien, zesumme mam David Trimble fir seng Beméiunge fir eng friddlech Léisung vum Nordirlandkonflikt de Friddensnobelpräis.

Hie war och eng Zäit laang Deputéierten am House of Commons, am Europaparlament an an der Northern Ireland Assembly.

Literatur änneren

  • John Hume: Personal views, politics, peace and reconciliation in Ireland, Town House, Dublin 1996.
  • John Hume: Derry beyond the walls: social and economic aspects of the growth of Derry, Ulster Historical foundation, Belfast 2002.
  • Barry White: John Hume: a statesman of the troubles, Blackstaff, Belfast 1984.
  • George Drower: John Hume: man of peace, Gollancz, London 1995.
  • Paul Routledge: John Hume: a biography, Harper-Collins, London 1997.
  • Gerard Murray: John Hume and the SDLP: impact and survival in Northern Ireland, Irish Academic Press, Dublin 1998.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: John Hume – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Friedensnobelpreisträger John Hume gestorben faz.net, gekuckt den 3. August 2020