Gare Bréissel-Luxembourg

D'Gare de Bruxelles-Luxembourg ass eng vun den eelste Garen an Europa. Si steet am Quartier Léopold zu Ixelles an der Haaptstadregioun Bréissel a gouf den 23. August 1854 ageweit. Am Ufank war si bekannt ënner dem Numm Gare du Quartier-Léopold als Undenken un de Kinnek Léopold I. deen een Deel vun de Käschte beim Bau gedroen hat.

Gare Bréissel-Luxembourg
Land Belsch
Gemeng Ixelles
Koordinaten 50°50'20,000"N, 4°22'23,998"O
Datum vum Bau 1854
Opgaangen 24. August 1854
Dat historescht Gare-Gebai

Well se nëmmen 150 Meter vum Europaparlement ewech ass, gouf se beim Bau vum Parlament komplett renovéiert. De gréissten Deel vun der Gare ass ënnerierdesch, just hir Fassad, déi klasséiert ass, blouf stoen.

Et ass eng vun den Haaptstatiounen op der Streck Bréissel-Namur.

Virun der Gare ass d'Place du Luxembourg mat dem John-Cockerill Monument.

Um Spaweck änneren

Commons: Bruxelles-Luxembourg station – Biller, Videoen oder Audiodateien