Johanna Weirich
D'Johanna Weirich, gebuer den 28. Februar 1981 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Geiespillerin.
Johanna Weirich | |
---|---|
Gebuer | 28. Februar 1981 |
Aktivitéit | Violonist |
D'Johanna Weirich huet d'Première an der Stad am Kolléisch gemaach, op der Sektioun Musek, F, ënner der Leedung vum Jean Schumacher.
Geiestudium
E puer Joer méi spéit schléisst d'Johanna Weirich hire Geiestudium am Stater Conservatoire mam "Premier Prix" a "Prix Supérieur", an der Klass vum Vania Lecuit of. Duerno huet si den Diplom "Methodologie" an der Klass vum Claude Krier gemaach.
D'Johanna Weirich huet weider 4 Joer Gei studéiert am Conservatorium Maastricht beim polnesche Meeschter Robert Szreder a souwuel d'kënschtleresch "Reifeprüfung", wéi och den Ofschloss am "Dozierende Musikus" bestanen.
Hiren Début huet d'Johanna Weirich am M.I.R. (groupe de pantomime) gemaach, am Gerhart Hauptmann sengem Stéck: "Die Weber".
Vun 2001 bis 2004 war si Member am "Ensemble Modern Baroque", huet am inter-regionale Studenten-"Orchestre Saar-Lor-Lux" am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg matgepillt, ass zanter 2001 Member am: "Estro Armonico" a vun 2007 u Member am barocke "Collegium Musicum Luxemburgense".
Ausland
D'Johanna Weirich
- huet a Radiosopname gespillt (E)
- war Member am Ensembel ARKA; Les Goûts Réunis (NL)
- ass zu Tréier um 18. "Podium junger Künstler" opgetrueden (D)
- huet a Meeschtercoursen an (D), (F) a (PL) studéiert
- huet an der Normandie (F) mam "Konservatorium Maastricht Orchestra" gespillt
- ass op Kreta an engem Jugendprojet vum Ministère opgetrueden
- huet an zwéin däitsche Jugendorchestre gespillt
Enseignement
D'Johanna Weirich ënneriicht Gei - éveil musical - Gesang a Solfège zu Wolz an am Klierfer Kanton.