De Jochen Pützenbacher, gebuer den 9. Mäerz 1939 zu Haan[1] a gestuerwen den 22. August 2019 zu Düsseldorf[2], war en däitsche Radiosspeaker, an tëscht den 1970er an 1990er Joren ee vun de beléifste Speaker beim däitschen RTL-Radio Die vier fröhlichen Wellen.

Jochen Pützenbacher
Gebuer 9. Mäerz 1939
Solingen
Gestuerwen 22. August 2019
Düsseldorf
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Journalist, Radiosspeaker

Liewen änneren

Nodeems en ë. a. als Coiffeur a Maquilleur geschafft hat, huet hie seng Radioscarrière, éischter zoufälleg, 1970 beim däitschsproochege Programm vun RTL ugefaangen. 1973 gouf en do Chef-Speaker an dono Chef fir den Entertainment.[3]

Hien huet och verschidden Televisiounssendunge moderéiert, ufanks bei RTLplus, spéider beim WDR a SWF.

Nodeems en 1997 bei RTL pensionéiert gouf, huet hien nach vereenzelt Galaspektakele moderéiert a Course ginn, wéi ee professionell Radio mécht.

Hien huet bis e puer Joer viru sengem Doud weider zu Lëtzebuerg gelieft. Dono huet hie sech mat senger Fra op Düsseldorf zeréckgezunn.

1986 krut hien, zesumme mat sengen RTL-Kolleeginnen Helga Guitton an Haidy Jacobi den Ordre de mérite.[4], an 1995 gouf hie Chevalier vum Ordre de la Couronne de Chêne.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Haaner RTL-Legende Jochen Pützenbacher ist tot." rp-online.de, 2019-08-26
  2. "Jochen Pützenbacher ist tot". wort.lu, 2019-08-24.
  3. Ulrich Köring: "Jochen Pützenbacher ist tot." Radioszene.de, 2019-08-24
  4. Anita Pospieschil: "RTL Radio Luxemburg Chronik 1957 bis heute." radiojournal.de, 2017-04-25.