Joël Baschera

lëtzebuergesche Lidderschreiwer

De Joël Michel Baschera, gebuer den 19. Dezember 1982 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Lidderschreiwer. Tëscht 2009 an 2018 gouf dee gréissten Deel vu sengen Texter ënnert dem Pseudonym "Mulles Dëppekapp" mat der Museksgrupp Spack-O-Mat musikalesch ëmgesat. Hei sinn déi 2 Alben "Décken Nougat[1]" a "Kale Kaffi[2]" entstanen. Zanter 2018 gi seng Texter mat der Formatioun "onduge Gesellen," ëmgesat. Hei koum 2018 d'EP "Houfreg an d'Hell" eraus.

Joël Baschera
Gebuer 1982
Nationalitéit Lëtzebuerg

2015 koum am Kader vu "Commemo200 - Wiener Kongress 1815-2015" e Buch mam Titel "Der Wiener Kongress und seine Auswirkungen auf den deutsch-luxemburgischen Grenzraum[3]" vun den Historiker Henri Trauffler a Peter Neu eraus, wou ënner anerem och Gedichter an Texter vum Joël Baschera, der Grupp Spack-O-Mat an der Äifeler Mondaartsängerin Sylvia Nels drastoungen.

Discographie
Artist Album Joer
Spack-O-Mat Décken Nougat 2012
Spack-O-Mat Kale Kaffi 2015
onduge Gesellen, Houfreg an d'Hell 2018

Kuck och änneren

Referenzen änneren

  1. Spack-o-mat. (2012). Décken Nougat. Luxembourg: Spack-o-mat.
  2. Spack-o-mat. (2015). Kale Kaffi. Luxembourg: Spack-o-mat.
  3. Trauffler, H. (2015). Der Wiener Kongress und seine Auswirkungen auf den deutsch-luxemburgischen Grenzraum. Bitburg Echternach: [Kulturgemeinschaft Bitburg] [Amicale des Anciens du Lycée classique d'Echternach].