Jesuittemonument zu Escaudœuvres

Monument vu gefale Missionären

D'Jesuittemonument zu Escaudœuvres och nach Chapelle des martyrs, Chapelle des fusillés oder Chapelle des Prés[1], ass eng Kapell um rietsen Uwänner vum Scheldekanal zu Escaudœuvres am Departement Nord an den Hauts-de-France.

Jesuittemonument zu Escaudœuvres
Land Frankräich
Gemeng Escaudœuvres
Plaz Escaudœuvres
Adress Rue des Prés
Koordinaten 50° 11’ 59.94’’ N
      03° 15’ 40.68’’ O
Datum vum Bau 1945

D'Kapell steet op där Plaz wou den 19. Mee 1940 am Ufank vum Zweete Weltkrich 13 Missionnairesschüler am Alter vun 11 bis 21 Joer, 2 Pateren aus dem Jesuittekolléisch Saint-François-Xavier vu Verviers an e franséische Militärchauffeur hiert Liewe verluer hunn. Ënner den Affer waren och fënnef Lëtzebuerger Jonge vun 13 a 15 Joer.

Den 10. Mee 1940 sinn d'Patere mat hire Schüler vu Verviers iwwer Namur a Mons a Richtung Frankräich geflücht, fir den 19. Mee géint 4 Auer Moies an der Géigend vu Valenciennes unzekommen. Fir hinnen ze hëllefen, huet déi franséisch Arméi hinnen e Militärcamion mat 2 Chauffeuren zur Verfügung gestallt fir se op Amiens ze féieren. Well Cambrai war scho bombardéiert war, huet de Chauffeur decidéiert laanscht de Kanal Richtung Escaudœuvres ze fueren. Géint 9 Auer Moies koume si an de Beschoss vun den Nazien. 15 vun hinne stierwen, 14 goufe schwéier blesséiert a 6 iwwerliewen. Bis 16 Auer hunn déi Iwwerliewend am Camion net bougéiert, duerno si si an e Bauerenhaff an der Géigend geflücht. Géint 20 Auer sinn d'Nazien zeréck koum an hu festgestallt, datt am franséische Militärcamion keng Zaldoten, mä Jugendlecher waren. 2 Deeg méi spéit hunn d'Nazien déi Verletzten an d'Spidol op Cambrai gefouert an déi Verstuerwe begruewen.

Zesumme mat senger Fra huet den Här Charles Leriche (1926 - 2010) 1945 d'Initiative ergraff fir mat dëser Kapell de jonken Affer ze gedenken. Op der Plaz, wou si ënner Beschoss gerode sinn, gouf d'Kapell vum Abbé Roger Guiot der Notre-Dame-de-Bonsecours geweit an d'Helleg Thérèse gouf hir Patréinesch.[2]

3 Lëtzebuerger Jongen hunn iwwerlieft: de Camille Bouché vu Biekerech, de J-P Differding vun Nidderdonven an den Henri Brix vum Lampertsbierg. De Roger Rehlinger vu Miersch, dee schonn hanner Verviers bei Loncin "vermësst" gouf, ass eleng bis op Lembeye (Basses-Pyrénées) geflücht an huet iwwerlieft. Hien ass de 14. Abrëll 1973 gestuerwen.[3]

Lëscht vun den zivilen Affer[4][5]:

  • Pater Joseph DEJEMEPPE, Direkter vun der apostolescher Jesuitteschoul vu Verviers
  • Brudder Auguste LEDANT, 53 Joer
  • Aloys BRESER[6] vun Nidderdonven, 15 Joer
  • Mathias KAISER[7] vu Beetebuerg, 15 Joer
  • Roger SCHMIT vu Klengbetten, 13 Joer
  • Joseph THEIN[8] vu Biekerech, 15 Joer
  • Théo WINKIN[9] vu Wolz, 15 Joer
  • Raymond DESCOTTE, 16 Joer
  • Paul  D'HONDT, 16 Joer
  • Alfred  GABRIEL, 12 Joer
  • Michel LIAO, 21 Joer
  • Jean PIRART, 16 Joer
  • André PIRART, 11 Joer
  • Jean-Marie  SIMON, 14 Joer
  • Valère VERSCHAFFEL, 16 Joer

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. sou genannt well s'an der Rue des Prés steet
  2. (fr)La chapelle des fusillés. Paroisses de Cambrai (3.5.2012). Gekuckt de(n) 20.3.2023.
  3. Avis de décès Roger Rehlinger. Luxemburger Wort (16.4.1973). Gekuckt de(n) 22.3.2023.
  4. (fr)Liste des fusillés. Paroisses de Cambrai (15.7.2015). Gekuckt de(n) 20.3.2023.
  5. Grafsteen um Kierfecht vun Escaudœuvres
  6. Breser Aloyse. FÉDÉRATION DES ENRÔLÉS DE FORCE. Gekuckt de(n) 11.3.2023.
  7. Kaiser Mathias. FÉDÉRATION DES ENRÔLÉS DE FORCE. Gekuckt de(n) 11.3.2023.
  8. Thein Josy. FÉDÉRATION DES ENRÔLÉS DE FORCE. Gekuckt de(n) 11.3.2023.
  9. Winkin Théo. FÉDÉRATION DES ENRÔLÉS DE FORCE. Gekuckt de(n) 11.3.2023.