Jessye Norman

US-amerikanesch Sopranistin

D'Jessye Norman, gebuer de 15. September 1945 zu Augusta am Staat Georgia, a gestuerwen den 30. September 2019 zu New York City, war eng US-amerikanesch Sopranistin.

Jessye Norman
Gebuer 15. September 1945
Gestuerwen 30. September 2019
New York
Nationalitéit USA
Aktivitéit Operesänger
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Alpha Kappa Alpha

Si war am Ufank vun hirer Carrière virun allem an Europa bekannt, sou huet si z. B. d'Marseillaise bei der Zeremonie vum 200. Joresdag vum Stuerm op d'Bastille gesongen. Eréischt méi spéit gouf si och vum amerikanesche Public 'entdeckt'. 1996 huet si op der Ouvertureszeremonie vun den Olympesche Spiller zu Atlanta gesongen.

An hirem Repertoire louch de Schwéierpunkt op Operen a Lieder aus der Romantik, ma si war och als Interpretin vu Spirituals an Jazz bekannt.

Si krut 5 Grammy Awards.

Discographie (Auswiel) änneren

  • With a Song in My Heart (1984)
  • Christmastide (1990)
  • Amazing Grace (1991)
  • Jessye Norman at Notre Dame (live) (1991)
  • Classics (1992)
  • Lucky to Be Me (1992)
  • In the Spirit (1996)
  • Jessye Norman (1999)
  • I Was Born in Love With You (2000)
  • Jessye Norman Sings Michel Legrand

Literatur änneren

  • Jessye Norman: I sing the music of my heart. 2015 (Autobiographie)

WUm Spaweck änneren

Commons: Jessye Norman – Biller, Videoen oder Audiodateien