Jendrik Sigwart

däitsche Museker

De Jendrik Sigwart, och bekannt als Jendrik, gebuer de 27. August 1994 zu Hamburg, ass en däitsche Sänger, Lidderschreiwer an Theaterschauspiller. Hien huet Däitschland beim Eurovision Song Contest 2021 zu Rotterdam an Holland mam Lidd I Don't Feel Hate vertrueden.[1]

Jendrik Sigwart
Gebuer 27. August 1994
Volksdorf
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Sänger, Lidderschreiwer, Theaterschauspiller

Biographie änneren

Ufäng änneren

De Jendrik ass als zweeteelst Kand vu véier Geschwëster am Hamburger Quartier Volksdorf opgewuess. Hien huet schonn a jonkem Alter ugefaange Piano a Gei ze spillen an huet véier Joer laang um Institut fir Musek vun der Héichschoul vun Osnabrück Musical a Vokalpedagogik studéiert. Scho wärend dem Studium ass e bei verschiddene Musicallen opgetrueden, dorënner My Fair Lady, Hairspray a Peter Pan. Hie schreift och eege Lidder, déi en ënner anerem op YouTube verëffentlecht. Besonnesch wichteg ass bei senger Musek säi Liblingsinstrument Ukulele.[2]

Karriär änneren

Den 13. November 2016 huet hie säin éischt Lidd Dibdibidi, dat sech mam wierklech Wichtegen am Liewe beschäftegt, op YouTube publizéiert.[3] Am Dezember 2020 huet hien dräi vu senge Lidder op engem Charity Concert fir d'Flüchtlingen am Camp Moria a Griicheland presentéiert.[4] De 6. Februar 2021 huet den däitsche Sender NDR ugekënnegt, datt de Jendrik de Vertrieder vun Däitschland fir d'2021er-Editioun vum Euroviounsconcours mam Lidd I Don't Feel Hate wier[5]. Bei der Finall koum hien op déi 25. Plaz mat 3 Punkten.[6]

Discographie änneren

Singelen änneren

  • 2016: Dibdibidi
  • 2021: I Don't Feel Hate

Referenzen änneren

  1. Jendrik - Germany - Rotterdam 2021. Eurovision.tv. Gekuckt de(n) 2021-04-27.
  2. NDR, Jendrik: Das ist Deutschlands ESC-Kandidat 2021. www.eurovision.de. Gekuckt de(n) 2021-04-27.
  3. Dibdibidi - Jendrik (original song). Gekuckt de(n) 2021-04-27.
  4. Benefizkonzert 2020: Einladung. benefiz.kirche-in-volksdorf.de Archivéiert op 2021-02-14. Gekuckt de(n) 2021-04-27.
  5. Jendrik Sigwart will sing for Germany in 2021. Eurovision.tv (2021-02-06). Gekuckt de(n) 2021-04-27.
  6. Grand Final of Rotterdam 2021. Eurovision.tv. Gekuckt de(n) 2021-05-24.