Haaptmenü opmaachen
Nuvola filesystems folder home.png Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean Worré, gebuer den 3. September 1816 an der Stad Lëtzebuerg,[1] gestuerwen 1901, war en Ingenieur.

1845 krut hien eng Nominatioun als Kondukter bei der Bauverwaltung[2] a gouf dunn 1874 Chef-Ingenieur.

De Worré huet haaptsächlech Brécke mat engem grousse Bou gebaut an huet verschidden Alternativen ënnersicht fir eng Bréck iwwer de Péitrussdall ze bauen. Hien huet och d'Pläng gemaach fir de Plateau Bourbon an d'Ëmfeld vun der Gare z'amenagéieren, huet d'Säitestroossen vun der Aler Avenue gezeechent an och d'Antwerpenerstrooss (deemools rue du Fieldgen) geplangt bis op d'Kräizung mat der rue de la Semois. Dem Worré seng Pläng hunn den Édouard André dozou bruecht de Pétrusdall als ëffentleche Park unzeleeën.

De Jean Worré ass um Nikloskierfecht an der Stad Lëtzebuerg begruewen.

BibliographieÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Geburt 03 Sep 1816 Luxemburg-Stadt, Luxembourg, G.D. de Luxembourg, gelies op www.deltgen.com den 9. Dezember 2011
  2. Arrêté royal grand-ducal du 26 mars 1845, N° 567b, concernant la nomination de quatre conducteurs dans l'administration des travaux publics, publizéiert am Mémorial Nr 23 vum 8. Abrëll 1816, S. 209