Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Paschtouer Jean Klein. Fir aner Leit mam Numm Jean Klein, kuckt wgl. Jean Klein.

De Jean Klein, gebuer den 18. Juli 1823 zu Klierf, gestuerwen den 2. Februar 1890 zu Bonn,[1][2] war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur,[1] deen als Deche vu Réimech an e Pedophilieskandal verwéckelt war.

Jean Klein
Gebuer 18. Juli 1823
Gestuerwen 2. Februar 1890
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

De Jean Klein war vun Enn 1862 u bis 1878 Dechen zu Réimech.[2] Virdru, bis de November 1862, war hie Paschtouer zu Weimeschkierch gewiescht[3].

Am August 1866 sinn hien an de Kaploun H. Molitor an der Zeitung fir hiren onermiddlechen Asaz wärend der Choleraepidemie, déi vum Mäerz bis an de Juli 1866 zu Réimech geherrscht huet, gelueft ginn.[4] 1878 stoung de Jean Klein viru Geriicht a war ugeklot tëscht 1868 an 1878 net manner wéi 35 Kanner ënner 14 Joer am Intimberäich ugepaakt ze hunn. De 4. Juni 1878 gouf den Dechen zu 5 Joer Prisong verurteelt.[5]

Wéi de Jean Klein nach Paschtouer zu Weimeschkierch war, hat hien dem Schetzel seng Hiel am Gréngewald, déi verschott war, nees an d'Rei gesat.[6] Hien huet och e Bichelchen iwwer de Schetzel geschriwwen. Am "Luxemburger Wort" ass dës Publikatioun an engem klengen Artikel begréisst ginn; un dësen Artikel war e Lueflidd op de Schetzel (Beatum Schetzelum Anachoretam Luciliburgum) ënner Form vun engem Gedicht op Latäin ugehaangen.[7]

Publikatiounen änneren

  • Luxemburger Kirchenstatistik: II. Die Pfarre Weimerskirch. In: Publications de la Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg, XI(1855), S. 65-80.
  • Leben des heiligen Schetzelo: Einsiedlers im Grünenwalde. V. Bück, Luxemburg 1860, 40 S.
  • Der geistliche Führer zu den heiligsten Herzen Jesu und Mariä / von einem Priester der Diözese Luxemburg. V. Bück, Luxemburg 1865, 468 S.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 M. Blum: Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Vol. 1: A-L. München, Kraus International Publications, S. 551f.
  2. 2,0 2,1 G. Spedener: Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. P. Faber, Grevenmacher 1937, S. 43.
  3. Luxemburger Wort, Nr. 182, 20. November 1862, S. 3: Luxemburg, 18. Nov. Herr Pfarrer Klein von Weimerskirch ist zum Dechanten in Remich ernannt. [1]— Säin Nofollger zu Weimeschkierch gëtt e bësse méi spéit och an der Zeitung ugekënnegt: Luxemburg, 10. Dezember. Herr Al. Jos. Wahl, bisher Pfarrer zu Tardchamps (sic), ist zu der durch Promotion des Herrn Pfarrers Klein erledigten Pfarrstelle von Weymerskirch (sic) ernannt worden. Luxemburger Wort, Nr. 194, 11. Dezember 1862, S. 3. [2]
  4. Luxemburger Wort, Nr. 184, 9. August 1866, S. 2
  5. R. Durlet: Schuldig... 14 Luxemburger Assisenprozesse aus den Jahren 1871-1880 zusammengestellt auf Grund der Gerichtsakten. Editpress, Esch/Alzette 1988, S. 123-135.
  6. Der "Selige Schetzel", Einsiedler im Grünewald
  7. Luxemburger Wort, Nr. 126, 23. November 1860, S. 4