De Jean Fouquet gebuer ëm 1415 an 1420 zu Tours (?) a gestuerwen ëm 1480, war e franséische Moler a Miniaturist.

Jean Fouquet
Gebuer 1420
Tours
Gestuerwen 1480er jul.
Tours
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich
Aktivitéit Moler, Designer, Illustrateur

Hien huet déi franséisch Molerei am 15. Joerhonnert e gudde Krack virubruecht andeems en souwuel de flämesche wéi den toskanesche Stil mat deem franséische vermëscht huet. Sou huet hie vum Jan van Eyck déi realistesch Duerstellung, déi atmospheresch Perspektiv an den Detail bei der Ofbildung vun Texturen iwwerholl, a vun den Italieener (virun allem vum Paolo Uccello a vum Piero della Francesca) d'pur Formen an d'Perspektiv.

Hien huet a villen Domainen a Konschtforme geschafft, sou huet hie Portraiten, Landschaften a reliéis Szeene gemoolt, sief et als Tableau oder an der Buchmolerei, an huet op Email a Glas geschafft, an huet Entwërf fir Wandteppecher gemaach. Weider war hien an der Heraldik aktiv a war, wat een haut Eventmanager géif nennen, fir kinneklech Joyeuse Entréeën.

Obwuel hien zu senger Zäit berüümt war, ass en am 16. Joerhonnert geschwënn an de Vergiess geroden; a gouf eréischt am 19. Joerhonnert erëmentdeckt, wéi d'Romantik en vogue war an d'Mëttelalter en neien INtérêt fonnt huet. 1904 goufe seng Wierker an der Ausstellung Les primitifs français ausgestallt.[1]

Liewen änneren

Wierk änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Jean Fouquet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Caroline Blondeau-Morizot, Jean Fouquet, un artiste polyvalent: Entre ars nova et Renaissance italienne,50minutes, 2014, p. 6.